Zesummen an d'Zukunft - L’avenir vu par les sans-voix

Pour ce qui est de l’AVENIR,
il ne s'agit pas de le prévoir,
mais de le rendre possible.
A. de Saint-Exupéry

  

  

Participation et avenir

ZESUMMEN AN D’ZUKUNFT est un projet de Caritas Luxembourg dont l’objectif est l’inclusion et la consultation des personnes pour qui et avec qui elle travaille, afin de faire entendre leurs voix - « les voix des sans-voix » - sur l’avenir.

Les consultations ont eu lieu dans le contexte de l’Année Européenne des Citoyens 2013 (entre octobre 2012 et septembre 2013). Parmi les 250 personnes consultées dans le cadre du projet « Zesummen an d’Zukunft »* se trouvaient des enfants, des jeunes et des adultes; des migrants et des luxembourgeois; des personnes avec un cadre de vie stable et des personnes sans travail ni logement; des personnes vivant au Luxembourg ou dans des pays du sud… Afin d’élaborer une vision individuelle et collective de l’avenir, les participant(e)s ont formulé leurs craintes et leurs souhaits pour l’avenir ainsi que leurs propositions pour aujourd’hui préparer un lendemain meilleur pour tous – une démarche qui repose sur la méthode des ateliers de l’avenir (Zukunftswerkstatt).

En 2014 une synthèse des témoignages recueillis en 2013 a été réalisée afin de rendre audibles et accessibles ces voix au grand public et de sensibiliser ce dernier au double défi de la justice sociale et du respect des limites planétaires. Ces témoignages sont proposés sous forme

  • d’une série de 12 modules radio (3-5 min. chacune), diffusée du 9 janvier au 27 mars 2015 chaque vendredi à 11h15 sur les ondes de RTL Radio. 
  • d’une exposition au centre commercial Belle Etoile du 28 janvier au 7 février 2015. Le vernissage aura lieu mercredi 28 janvier à 18h sur place. Vous êtes y chaleureusement conviés.

Trouvez ci-après les liens directes vers les témoignages

Radioserie "Zesummen an d'Zukunft"

Mir ginn deene Leit an Associatiounen d'Wuert, déi soss net zu Wuert kommen. Den Norry Schneider vu Caritas Lëtzebuerg huet eis d'Serie "Zesummen an d'Zukunft" virgestallt, déi muer de Moien um Radio ufänkt.

Vendredi 9 janvier:

1ère émission "vivre ensemble"

Fir eis éischten Emissioun ginn mer op Wolz an den Centre OASIS. Säit iwwert 15 Joer treffen sech hei Leit vun ënnerschiddlechen Kulturen an Alterskategorien aus 70 Natiounen. Migranten an Lëtzebuerger kommen mateneen an d’Gespréich, leieren sech kennen an maachen Aktivitéiten zesummen. Hei ginn Sproochen- an Komputerkueren ugebueden, Hausaufgabenhëllef fir d’Kanner, en oppent Ouer fir wien et brauch an et gëtt en besonnesch aktiven interkulturellen Fraengrupp deen sech regelméisseg trefft. Dësen Grupp huet iwwert 6 Méint sech iwwert d’Zukunft vun der Madame Futura Gedanken gemaach...

Vendredi 16 janvier:

2ème émission "Aarbecht"

Haut fir eis zweet Emissioun an dëser Serie gi mer op Éilereng an den Wäschbur wou momentan 30 Leit beschäftegt sinn. Hei gi Kleeder gewäsch, gestreckt a gefaalt fir sozial Betriber. Zil ass et hei de Leit eng Méiglechkeet ze ginn, an den Aarbechtsprozess eranzeklammen an domat e Wee aus der Aarmut ze fannen. De Wäschbur Projet gëtt et zënter iwwer 12 Joer an en huet schonns villen Leit en Halt gebueden. Och hei huet d’Caritas eng Rei vun Zukunftsatelieren ofgehalen, wou d’Leit sech konnten abréngen.

Vendredi 23 janvier:

3ème émission "Quartier am Zentrum"

Haut fir eis drëtt Emissioun an dëser Serie ginn mer an de staater Quartier Pafendall, an den Atelier Zeralda. Dëst ass en oppent Haus am Déngscht vun den Awunner, grouss a kléng, aus dem Quartier. Virun 37 Joer haten hei 2 Schwësteren ee Projet fir d’Kanner aus dem Pafendall lancéiert, fir d ‘éischt eng Stroosse-Bibliothéik, dunn spéider en Haus… an haut ass et en Treffpunkt fir de Quartier. Hei huet och virun annerhallwe Joer eng Zukunftswerkstatt stattfonnt…

Vendredi 30 janvier:

4ème émission "Exklusioun"

"Haut geet et em d’Thema Exklusioun an dofir begéine mer zwou Persounen am Centre Ulysse zu Bouneweg, eng Opfankstruktur fir Leit ouni feste Wunnsëtz. Do gëtt et eng Téistuff di dagsiwwer op pass, wou een sech kann treffen, eppes iessen an drénken, eng Wäsch maachen, eng Douche huelen, an wou een och kann en sozialen Suivi kréien. An am selwechten Haus gëtt et och den Foyer Ulysse, mat e puer Dosen Better fir Leit di keen Dag iwwert dem Kapp hunn.

Den Daniel an den Steve erklären wéi schnell et kann goen fir aus dem sozialen Netz erauszefalen, mat Auswierkungen op Aarbecht, Gesondheet, Wunnen fir just di Beräicher ze nennen. An si stellen d'Fro wat fir e Bild mir Leit dobaussen hunn vun deen Leit di an esou Strukturen ënnerkommen…“

Vendredi 6 février:

5ème émission "Zesummen an d'Zukunft"

"Zum Thema Kanner ginn mer haut op Rëmeleng an den Institut Saint Joseph an treffen do den Daniel, Erzéier an engem vun den Haiser wou 9 Kanner tëscht 4 an 13 Joer wunnen. Si kréien hei all Ënnerstëtzung di e Kand brauch am Alldag, an der Schoul, an jee nodeem am Bezuch op seng Famill. D’Kanner léieren hei am Foyer mateneen eens ze ginn an ginn vir d’Liewen virbereet…“

Vendredi 13 février:

6ème émission "Logement"

"Zum Thema Wunnen ginn mer haut op Koplescht an den Service Logements encadrés wou et em begleetent Wunnen geet. Hei am Centre de l’Oseraie wunne eng 20 Leit an kréie gehollef aus schwierege Liewenssituatioune erauszekommen. Eenzelner sinn just als Iwwergangsléisung hei, anerer fir méi laang Zäit. Hei op dëser roueger Plaz gëtt och versicht esou gutt wéi méiglech am Alldag mateneen eens ze ginn, an zesummen ze kachen, spullen säin Stot maachen… an emol zur rouh ze kommen.“

Vendredi 20 février:

7ème émission "Bénévolat"

"Bei Young Caritas geet et drëm di Jonk ze begeeschteren fir sech ze engagéieren an der Gesellschaft. Wann si en Benevolat maachen kenne si fräi wielen wouran an wéi vill si sech engagéieren. Wat dat bewierken kann zielt eis d’Annemie, wat schonn laang bei Young Caritas aktiv ass.”

Vendredi 27 février:

8ème émission " Nature"

"An der d’Maison Relais zu Betzder wor an hirer Zukunftswerkstatt en wichteg Thema wéi een mateneen ëmgeet, dass een soll Respekt virun enee hunn an e wichteg Uleies vun de Kanner wor och den Respekt virun der Natur – den Beem, den Déieren, der Ëmwelt. Eng suerg déi si och net zecken géingen un die Responsabel erun ze droen..."

Vendredi 6 mars:

9ème émission "RMG - Logement"

"Haut dréit sech eis Sendung ëm den RMG, den Revenu Minimum Garanti. An do gi mer an 3 Haiser: de Foyer Ulysse op Bouneweg, de Service Logements encadrés op Koplescht an den Éilerenger Wäschbur. Speziell geet et ëm den Stempel, deen een als “RMGist” kritt an d‘Problemer bei der Sich no enger Wunneng."

Vendredi 13 mars:

10ème émission "Demokratie an Partizipatioun, Gerechtegkeet an Globaliséierung"

"Haut héieren mir Stëmmen aus Kolumbien. Ënnert dem Motto “Futuro para todos” hunn en Grupp Jonker vun der Corporación Vínculos zu Bogotá sech Gedanken Gemaach zu den Themen Demokratie an Partizipatioun, Gerechtegkeet an Globaliséierung.”

Vendredi 20 mars:

11ème émission "(sur)consommation et la cohésion sociale, avec les bénévoles de l'OASIS"

"Fir dëst virlescht Emissioun vun der Serie ZESUMMEN AN D’ZUKUNFT ginn mer an den Centre OASIS op Wolz. An dësem Haus wou sozialen Kohesioun ëmmer e wichtegt Thema gewiescht ass reflektéieren d’Josée an Christiane doriwwer wéi den Iwwerkonsum an eiser Gesellschaft nët nëmmen e Problem ass fir d’Nohaltegkeet, mee och eng Gefor duerstellt fir den sozialen Zesummenhalt. Do stellt sech och d’Fro wéi eng Wäerter mer brauche fir e bessert Mateneen.”

Vendredi 27 mars:

12ème émission "Respect "

"Fir dëst lescht Emissioun vun der Serie ZESUMMEN AN D’ZUKUNFT ginn mer an d’Jugendhaus WOODSTOCK op Walfer. Fir di Jugendlech ass Respekt en wichtegt Thema. Am Alldag wieren si sech géint Ongerechtegkeet an Mobbing. An Zukunfts-Atelieren an mat Danztheater setzen si sech mat dësen Themen ausernaner.”

Vendredi 3 avril:

Interview: Marie-Josée Jacobs an Norry Schneider

"Zesummen an d'Zukunft"  do goung et drëm fir och emol Leit eng Stëmm ze ginn, op déi soss an eiser Gesellschaft wéineg gelauschtert gëtt. Dobäi hu si hir Iddien a Visiounen zu diversen Themen presentéiert: Themen wéi Aarbecht, Wunnen, Respekt, Zesummeliewen, Exklusioun, Nohaltegkeet. Hinnen eng Stëmm ginn, heescht och vun hinne léieren an se stäerken. Wéi kann een dat ëmsetzen an notzen? D'Presidentin vun der Caritas Marie-Josée Jacobs an de Responsabelen vum Projet "Zesummen an d'Zukunft" Norry Schneider, Freides Invitéen um RTL Radio.

Participation : encourager la réflexion sur l’avenir

Contrairement à ce qu’on aurait pu attendre, les personnes qui ont participé aux ateliers participatifs n’ont pas uniquement formulé des préoccupations et propositions relevant du domaine matériel, mais aussi concernant l’aspect relationnel. Même si des sujets comme le travail et le logement constituent des thèmes à forte préoccupation, en temps de crises l’être humain a besoin d’être ancré dans un réseau social pour se sentir à l’abri et d’une communauté avec sa famille et ses amis. Le fait de pouvoir participer et d’être considéré comme un citoyen à part entière joue un rôle important pour se sentir accepté et apte à répondre aux difficultés matérielles ou autres. Les sept thèmes les plus souvent abordés sont: les relations (humaines); la nature et l’environnement; la communauté; la participation et la citoyenneté; le travail; la coopération et le développement; l’enfance et la jeunesse.

 

Contact:

Norry Schneider, Caritas Luxembourg, 29 rue Michel Welter, L-2730 Luxembourg
Tél. : (+352) 40 21 31-518; Fax : -409, E-mail:

* Les groupes services et institutions de Caritas Luxembourg qui ont participé au projet sont : le Centre de rencontre Oasis, le service éducatif Form’Actif, Young Caritas, le service de la Coopération internationale (partenaires en Colombie et au Bangladesh), l’Atelier Éilerenger Wäschbur, le service Logements encadrés à Kopstal, le Service Streetwork, le Centre Ulysse, l’Atelier Zeralda, la maison de jeunes « am Quartier » à Luxembourg-Gare, la maison de jeunes « Woodstock » à Walferdange, la Maison Relais à Betzdorf, et l’Institut St.Joseph à Rumelange.